…Gute Weine und freundliche Frauen… Ich hätte in einer Kutsche eintreffen sollen, mit Vorreitern und Postillons, zurückgelehnt in seidene Kissen, das Gesicht von einer parfümierten Perücke umschlossen, schreift 1927 den italiéineschen Diplomat Daniel Varé.
Och een Diplomat, deen hei zu Lëtzebuerg säi Land vertrueden huet, de leegendäre Schrëftsteller Tschingis Aitmatow, hat 1993 e Statement iwwer d’Land parat: “Viele fragen mich: Langweilen Sie sich nicht in Luxemburg? Alles hängt vom einzelnen Menschen ab. Auch in Luxemburg kann man viel mehr als nur Luxemburg sehen, kann man die Welt spüren und von ihr sprechen.”
Den Henry Miller par contre hat 1933, no enger duerchzechter Nuecht mat engem Kolleeg zu Paräis, d’Idee, en Ausflug op Lëtzebuerg ze man. Spéider, a sengem Roman Quiet Days in Clichy, huet hien sech drun erënnert, datt dat eng Welt war, déi him vill ze schéin an der Reih war an datt hie frou war, wéi déi zwee erëm zrëck op Clichy fuere konnten …
Zesumme mat dräi bekannte Lëtzebuerger Schauspillerinnen liest de Jean-Paul Raths Texter, déi hien fir d´Liesung am TNL ëmt de Schwéierpunkt Stad Lëtzebuerg zesummegestallt huet. De Programm baséiert op der Anthologie Luxemburg. Menschen und Landschaften, erausginn vum Mars Klein a vum Olivier Ortolani.
komponist a pianist George Letellier
realisatioun Jean-Paul Raths
mat Nora Koenig, Sascha Ley, Mady Durrer a Jean-Paul Raths