„Basta! Lo geet et duer!“ seet sech den Hunn, wéi säin ale granzege Meeschter e gutt gebeetscht hat, a mécht sech duerch d’Bascht. En trëppelt an trëllt iwwer Wisen a Felder, bis en op eemol zwou gëlle Mënzen erbléckst. „Ech hu se fonnt, lo sinn et meng!“, denkt hien sech. Mee do ass nach en aneren, deen et och op d’Mënzen ofgesinn huet an dem Hunn dofir d’Liewe schwéier mécht.
Basta ass den drëtten a leschten Deel vun der Trilogie, déi d’Rotondes mam Larisa Faber a Linda Bonvini ronderëm d’Fabele vum rumäneschen Auteur Ion Creangă realiséiert hunn (no Frrrups am Januar 2014 a Schmock am August 2015). D’Stéck gëtt dës Saison nach eemol an de Rotondes an och am Mierscher Kulturhaus gewisen.
fräi no der rumänescher Fabel Pugunţa cu doi bani vum Ion Creangă
Iddi a Spill Larisa Faber
Regie Linda Bonvini
Bühn a Kostüm Anouk Schiltz
iwwersat an adaptéiert Serge Tonnar
op Lëtzebuergesch
Produktioun: Rotondes
Kreatioun Dezember 2015 an de Rotondes