COCÓ CHANËL
Krëscht Clement
En Anti-Klassiker aus der karnavalesker Literatur, deen d’Spill mat der Muecht ironesch op d’Spëtzt dreiwt, deet ëmmer erëm laachen.
Di éiweg Aktualitéit vum Ubu senger giereg-infantiler Quête no Suen a Muecht brauch ee bei dësem Wierk jo wuel kaum ervirzehiewen. Den Ubu ass a bleift en Text, dee sech vu leider ëmmer-wouere Groteskerien niert: den Egoist, den haselegen, gieregen – de moderne Mënsch. Och wann et haut net méi di klassesch Bourgeoisie ass, di sech d’Fanger leckt an hier Positioun ausnotzt, ass déi Zuucht nawell laang net ausgestuerwen. A si mer net alleguerten heiansdo e bëssen Ubu, a wëllen de Kinnik muerksen, fir u säi “Cocó” ze kommen? Mee natierlech ass dat eppes, wouriwwer een net schwätzt…
D’Adaptatioun Cocó Chanël: den UBU als KINNIK nom Wierk Ubu Roi vum Alfred Jarry spillt mat der Dissonanz vun zwou Sproochformen: eng méi klassesch gehuewen, aristokratesch an hallef erfonnt steet enger artifizieller Jugendsprooch géigeniwwer.
Den Text, u sech selwer scho grotesk, schif, mëll an iwwerzunn duerch seng Figuren, Situatiounen a seng Sprooch, kritt duerch dat verdréintent a verwuerelt, zum Deel erfonntent Lëtzebuergesch,
iwwersat an adaptéiert vum Krëscht Clement, nach eng eenzegaarteg Musikalitéit (oder léiwer eng A-tonalitéit) a besonnesch Rhythmik, en Tempo an eng elliptesch Qualitéit, di eiser ephemärer Ofkierzungs-Gesellschafft entsprécht an se op d’Schëpp hëlt.
An der Regie vum Anne Simon, dat den Zuschauer mam Ubu un een Dësch sëtzt an d’Grenzen tëscht Kuckert a Spiller verwëscht, gëtt den Theater gestiermt…
Metteur en scène Anne Simon
Assistant mise en scène Tom Dockal
Décors Christoph Rasche
Costumes Jasna Bosnjak
Maquillage Joël Seiller
Avec Marc Baum, Max Jadin, Steve Karier, Anouk Wagener, Pitt Simon, Sophie Langevin
Théâtre National du Luxembourg 2016