Ceci n’est pas une Maggy Nagel
Vum Tom Dockal a Jacques Schiltz
Mam Jacques Schiltz
Lëtzebuerg
Parlez-moi d’amour / Redites-moi des choses tendres / Votre beau discours.
Zu eppes Distanz huelen hëlleft, an dat ass allgemeng bekannt, nawell ganz gutt, fir e perséinleche Bilan ze zéien. To put things in perspective, sou déi präzis angel-sächsesch Terminologie.
D’Maggy Nagel kann elo ënnert der Sonn vun den arabeschen Emirate vu genee dëser Distanz profitéieren, fir déi lescht 36 Méint vun hirem Liewe Revue passéieren ze loossen. Iwwert de Preparativen zur Weltausstellung bleift dem Maggy vill Zäit, fir iwwert hir ganz perséinlech Desaster nozedenken : nerveg Wort-Journalisten zu Bréissel, de Fränk Miltgen, de Café Schlasstuff zu Weiler, dat mat de Konventiounen (obwuel dat esou am Regierungsprogramm stoung), de Lex Delles, nerveg Paperjam-Journalisten a Zesummenhang mam Café Schlasstuff zu Weiler, de Kulturministère, dat mat der Grande Vadrouille, de Wunnengsbauministère, dat mam Café Schlasstuff zu Weiler, a virun allem… de Xavier Bettel.
Mon cœur n’est pas las de l’entendre / Pourvu que toujours /
Vous répétiez ces mots suprêmes / Je vous aime.
MONODRAMA FESTIVAL 2016