D’KONFERENZ
Heimat invitéiere mir Iech häerzlech op eng politesch Konferenz zu engem wichtegen Thema. Kommt kucken, wéi Politiker aus aller Welt iwwert e Sujet deen eis all betrëfft diskutéieren. Eis Equipe vu Catering-Leit, Security-Grupp a Botzpersonal sinn extrem qualifizéiert a freeën fir sech mat Iech zesummen mat dësem Weltproblem auserneen ze setzen an eng Léisung ze fannen.
18 Jugendlech vum TNL Jugendclub stinn dëst Joer op der Bühn an engem selwergeschriwwene Stéck op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch.
Den TNL Jugendclub Maach Theater! gëtt et mëttlerweil schonn iwwer 10 Joer. Mat 12 Uropféierungen ass den TNL Jugendclub am Laf vun de Joeren an der lëtzebuerger Theaterzeen scho bal zu engem Begrëff ginn fir originellen an innovativen Theater vu jonke Leit.
Mat: Anna Schneider, Anne Muller, Anouschka Bosje, Barbara Ries, Carlotta Walker, Catherine Giuliani, Christophe Bleser, Eva Triniane, Félix Mosar, Holly Butler, Isolde Motro, Laura Legille, Lena Grethen, Lorisse Fonseca, Matteo Griz Wolff, Sophie Letellier, Timothée Bégin, Yannick Neyens, Zoé Osch.
Theaterpädagogesch Leedung : Jill Christophe
Assistenz : Gilles Seyler
Théâtre National du Luxembourg