STILL
mat a vum Hayder Alanbaky, Yazan Doubal, Claude Faber, Nina Kayser, Alaa Krem Saede, Anne Simon, Laura Van den Kerchove, Sisi Yin-Clees
text vum Guy Rewenig
Lëtzebuerg
Still ass e Prosa-Monolog vum Guy Rewenig fir 1 Stull an ee bis eng Hellewull vu Spriecher, Sänger, Schauspiller a Storyteller. De Guy Rewenig huet dësen theatrale Prosa-Chouer-Text als Hommage un de Roger Manderscheid geschriwwen. Am Kader vum Projet See what happens schaffen d’Anne Simon an de Claude Faber mat enger Grupp vu Flüchtlingen, an net Flüchtlinge vu Lëtzebuerg, Syrien, dem Irak a China, vun Amateuren a Professionellen un der Méiglechkeet an der Onméiglechkeet als Chouer géint- a mateneen a verschiddenen, deem aneren net verständleche Sproochen, op e Gréngen ze kommen. D’Limite an di universell Méiglechkeete vum ganz klassesche Geschichtenerzielen, dat an den eenzelne Kulture jo scho ganz anescht ass, kombinéiert mat de krasse verschiddene Qualitéite vun de Sproochen – d’Lëtzebuergesch kléngt latent gelangweilt, d’Chineesesch ëmmer frëndlech an d’Arabescht wéi eng konstant Maartverhandlung – erginn eng nei Dimensioun, vu wéimer kënne verstoen, ouni ze verstoen.
MONODRAMA FESTIVAL 2016