Betsy Dentzer / Anne Mehlingera
Schon déi jonk Wesirsduechter Scheherazade huet an dausend an enger Nuecht de Sultan mat senge faarwege Geschichte verzaubert, déi vun Aarm a Räich, vu Gold a Sëlwer, vu Kinnik a Raiber erzielen. Märercher zwar, mee am Fong net fir Kanner geduecht. Ee vun deene bekanntsten orientalesche Märecher ass dee vum Ali Baba an de 40 Raiber … mee kennt dir wierklech déi ganz Geschicht? Dausend an eng Nuecht brauchen d’Betsy Dentzer an d’Anne Mehlinger net, fir Iech vun dësem gewëtzten an dapere Gesell z’erzielen, dee fir d’éischt säin eegene Brudder an dann eng ganz Band vu 40 Raiber gelueden huet − ee ganz besonneschen Owend geet duer fir Iech no Oste reesen ze doen, an déi Länner wou Mueres d’Sonn opgeet.
Related posts