Performance / E Monolog vum Guy Helminger
avec Jules Werner
mise en scène Anne Simon
scénographie et costumes Anouk Schiltz
coproduction Théâtre du Centaure et Kulturhaus Niederanven
De Benoît Pleimer schafft op der Bank.
De Benoît Pleimer ass an enger gutt beduchter Famill opgewuess. Do krut en alles wat e wollt, just net dat, wat e gebraucht huet.
Haut den Owend erkläert e firwat en do steet, wou en elo steet. Ass et wéinst senger Mamm ? deem kranken Organismus, dee mer Gesellschaft nennen ? der Relioun ? oder well e, wéi e kleng war kee „Fernseh“ huet dierfe kucken, well „Fernseh“ ass fir déi, déi op där anerer Säit vum Ënnerscheed liewen : „d’Locatairen“, d’Aarbechter, d’Auslänner…
Wéi gesot, de Benoît Pleimer schafft op der Bank.
An haut den Owend ass e mi laang bliwwen. E wäert och bis muer de Moien do net fortgoen. A wann en da geet, da fir richteg, a mat him nach e puer anerer. Esou wéi et ausgesäit och seng Mamm. Mee vläicht ass dat, wat de Benoît virhuet, jo „just“, wéi e seet, eng Performance. Just eben eng mat engem Klabes an der Hand.