E LIVING AN AMERIKA / Eng musikalesch Satir
Um Enn vum 19. Joerhonnert kämpft eng Famill aus Mamer all Dag, wéi vill aner Famillen zu där Zäit, ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. De Papp huet keng Aarbecht méi an d’Famill fänkt un Honger ze leiden. Si denken driwwer no d’Land ze verloossen an de Papp decidéiert, datt hien, mat senger Fra an den zwee Kanner, an Amerika auswandert.
Déi ganz Famill mecht sech op de Wee op eng laang a beschwéierlech Rees. Mee wéi si bis op där anerer Säit vum grousse Pull ukomm sinn, entdecken si eng nei Welt. Eng ganz nei a komesch Welt. Awer fannen se och hiert Gléck? Dat ass eng aner Fro…
Eng ural Story? Villäicht.
Eng Schnok vu fréier? Eventuell.
En historesch korrekt erzielten Drama? Neen.
D’Geschicht widderhëlt sech, a Parallelen zu haut sinn net ze iwwer-sinn. Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäiten Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.
Auteur Roland Gelhausen
Metteur en scène Jacqueline Posing-Van-Dyck
Chorégraphie Michel Raphael Turpel
Décors Christoph Rasche
Costumes Christian Klein
Musique Georges Urwald
Avec Al Ginter, Carlo Hartmann, Steven Klopp, Monique Melsen, Michel Raphael Turpel an engem Gemëschte Chouer an Live Orchester
Coproduction Yves Bourgnon, Théâtre National du Luxembourg, Kinneksbond/ Centre Culturel Mamer