Während engem ganze Kalennerjoer setzen sech 3 Fraen mat Innovatioun an Traditioun an der Lëtzebuerger Kach- an Iesskultur auserneen. Hire Wonsch no enger Symbiose ass esou stark, datt si probéieren hir Iessmanéiere komplett z’änneren, op sëlleg Duerffester ginn an esouguer bei enger Kachshow matmaachen.
Donieft gëtt d’So vun der Kachboun erzielt, enger mysteriéiser Boun op déi ee séier muss Buedem geheie wann een se gesäit, well soss…
Et spillen: Frédérique Colling, Catherine Elsen, Rosalie Maes; Œil extérieur: Linda Bonvini; Bühnebild: Kim Clement; Kostümer: Natercia Rebelo; Luucht an Technik: Dominik Dusek; Produktiounsleedung: Jill Christophe
Produktioun: Independent Little Lies
Koproduktioun: Aalt Stadhaus Déifferdeng, Schungfabrik Téiteng
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, vum Fonds Culturel National a vun der Fondation Indépendance.
Related posts