Mam Anaïs Lorentz (Saxophon) an dem Giovanni Zazzera (Danz) Kompositioun Pierre Cocq-Amann
Inzeenéierung, Text Ela Baumann Choreographie Ela Baumann, Giovanni Zazzera Konzept Ela | Baumann, Anaïs Lorentz Kostümer Mélanie Planchard Accessoiren Audrey Dhyvert Liichtdesign Jean Lou Caglar Produktioun Kopla Bunz Koproduktioun Rotondes, Kulturhaus Niederanven, Trifolion Iechternach, Centre socioculturel régional Prabbeli Woltz, CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbréck, Centre culturel régional, opderschmelz Diddeleng Mat der Ënnerstëtzung vum Fonds stART-up vun der OEuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte Fondation Indépendance
Aus enger aler Këscht erkléngt eng Melodie, et tauchen d‘Helden Ask an Embla an eng längst verluere Welt op. Si verwandelen sech a Risen, a Gëtter an a sougenannte Monsteren, léieren dës vu bannen eraus ze verstoen. Mä wat ass eigentlech e Monster? Ass een e Monster oder gëtt een zu engem Monster gemaach? Fantasie oder Weltusiicht? Op alle Fall näischt fir schwaach Nerven! Dës ural nordesch Saga vum Fenrir, dem berühmte Wollef, hannerfreet Konzepter wéi Schicksal, Schold an Onschold, an erënnert eis un d‘zyklesch Kraaft vum Liewen.