O Começo Perdido
Aus enger aler Këscht erkléngt eng Melodie, et tauchen d‘Helden Ask an Embla an eng längst verluere Welt op. Si verwandelen sech a Risen, a Gëtter an a sougenannte Monsteren, léieren dës vu bannen eraus ze verstoen. Mä wat ass eigentlech e Monster? Ass een e Monster oder gëtt een zu engem Monster gemaach? Fantasie oder Weltusiicht? Op alle Fall näischt fir schwaach Nerven! Dës ural nordesch Saga vum Fenrir, dem berühmte Wollef, hannerfreet Konzepter wéi Schicksal, Schold an Onschold, an erënnert eis un d‘zyklesch Kraaft vum Liewen.
Related posts