De 25. Abrëll ass et souwäit : Independent Little Lies léisst, am Kader vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2017, an Zesummenaarbecht mam Kulturministère a mam Nationalarchiv nees d’Wierder danzen. Nom grousse Succès vun der 7. Editioun vun eiser Liesungsrei, d’läscht Joer fir den 10. Gebuertsdag vum Mudam, dréint sech dëst Joer – wéi kéint et och anescht sinn ? – alles ëm d’Lëtzebuerger Sprooch.
Mir hunn eis d’Fro gestallt : Wéi kann een d’Lëtzebuergescht iwwerhaapt bewäerten ? Wéi ass et fir e Schrëftsteller sech mat eiser Sprooch auserneen ze setzen ? Ass Lëtzebuergesch iwwerhaapt eng literaresch Sprooch ? A wann net : Ass et dann dee ganzen Trara a Klimmbimm ëm eis Sprooch wäert ?
Mat dräi Schrëftsteller déi sech effektiv an eiser Heemechtsprooch ausdrécken : Diane Neises, Ian De Toffoli a Gast Groeber probéiere mer, deene Froen op de Grond ze goen an doraus en Text ze maachen deen – ënnert der Regie vum Elsa Rauchs – vum Claire Thill a Marc Baum am Archiv virgestallt gëtt. Freet iech also op e spannenden Owend deen eis ganz Sproocheproblematik mol aus engem anere Wénkel op de Leescht hëlt.
Text Ian De Toffoli, Gast Groeber, Diane Neises
Regie Elsa Rauchs
Regieassistenz
Mam Marc Baum a Claire Thill
Literaresch Coordinatioun Luc Caregari
Produktiounsleedung a Kommunikatioun Jill Christophe
Eng Produktioun vun Independent Little Lies, op Commande vum Kulturministère am Kader vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2017, an Zesummenaarbecht mam Nationalarchiv.