FAKE- MAACH THEATER
1 Mann, 9 Fraen, 1 Mord, 1 Fro: Wee war et?
E ganz normalen Dag fir déi englesch High Society, bis eng Läich fonnt gëtt. Jiddereen am Haus gëlt elo als potentielle Mäerder. Donkel Geheimnisser kommen un d’Liicht an de gudde Ruff vun der Famill Lancaster zerfällt lues a lues…
9 Jugendlech vum TNL Jugendclub stinn dëst Joer op der Bühn an engem selwergeschriwwene Stéck op lëtzebuergesch.
Den TNL Jugendclub Maach Theater! gëtt et mëttlerweil schonn iwwer 12 Joer. Mat 13 Uropféierungen ass den TNL Jugendclub am Laf vun de Joeren an der lëtzebuerger Theaterzeen scho bal zu engem Begrëff ginn fir originellen an innovativen Theater vu jonke Leit.
Mam Amandine Hild, Anna Bertemes, Carla Vind, Carlotta Walker, Catherine Giuliani, Elizabeth Prozorova, Mila Loguercio, Naomi Kneip, Zoé Osch.
Theaterpädagogesch Leedung Jill Christophe
Assistenz Gilles Seyler