Parcours performance / zesumme mam SOS Kannerduerf. Dat bleift ënnert eis! Sou seet ee jo, wann eppes geheim bleiwe soll. Mee wat heescht dat iwwerhaapt, «ënnert eis»? A wou ass dat genee, «ënnert eis»? Ass dat eng wierklech Plaz anzwousch ënnert eis? Ënnert eise Féiss? Ënnert dem Buedem? A wéi déif ënnert eis ass «ënnert eis»? Passt do een op eis Geheimnisser op, dass kee se entdeckt? Well e Geheimnis wat entdeckt gëtt, ass jo kee Geheimnis méi. Mir huelen Iech mat op déi Plaz ënnert eis. Mir, dat sinn d›Kanner vum Kannerduerf, zesumme mat de Kënschtler vu MASKéNADA. An déi Plaz ass wierklech ënnert eis. Déif ënnert der Festungsstad Lëtzebuerg, an engem Tunnel vun engem Kilometer laang. An hei sinn déi beschte Leit doheem, sou wéi et an eisem geheime Lidd heescht: Déi beschte Leit sinn hei doheem Eis Frënn an och eis Dreem A vläicht erënneren d›Kanner eis just un dat Geheimnis, wat mer ëmmer scho kannt hunn, a just vergiess hunn, well mer zevill ënnert eis liewen? Mee psst! Dat bleift ënnert eis!
MASKèNADA
Kënschtleresch Leedung Serge Tonnar
Mat de Kanner vum Kannerduerf an Alexandra Bentz, Luisa Bevilacqua, Gianfranco Celestino, Catherine Elsen, Misch Feinen, Raphael Gindt, Tammy Reichling
Visuell Misch Feinen
Produktiounsleedung Dani Jung
Related posts