TNL Jugendclub/Maach Theater
An dëser Folleg begleede mir d’BotzfraTeresa (38)
op hirer Botztour duerch de „Nonnebunker“.
Wat verbiergt sech hannert den décke
Mauere vum Meederchersinternat? Wat hunn
doudeg Kazen a Graffitien am Klouschter ze bedeiten?
Wee bréngt d’Schülerinnen an d’Nonnen zum Verzweiwelen? Dat alles gitt dir live am TNL de 15. a 16. Juni um 20 Auer gewuer. Den TNL Jugendclub Maach Theater! gëtt et mëttlerweil schonn iwwer 12 Joer. Mat 14 Uropféierungen ass den TNL Jugendclub am Laf vun de Joeren an der lëtzebuerger Theaterzeen scho bal zu engem Begrëff gi fir originellen an innovativen Theater vu jonke Leit.
Mam Anna Bertemes, Carla Vind, Catherine Giuliani, Catherine Wampach, Charlotte Colbach, Dora Thiry, Elizabeth Prozorova, Hannah Kemp, Leïla Oualkadi, Mathilde Sattler, Nathalie Funck, Noa Rodriguez, Sophie Letellier, Yasmin Jacobi, Zoé Osch
Theaterpädagogesch Leedung Jill Christophe Assistenz Gilles Seyler Théâtre National du Luxembourg