Wärend der Nuetsschicht an engem Altersheem op Ouschtersonndeg, hëlt e scheinbar banale Witz eng brutal Wendung an deckt doduerch onsiichtbar Muechtstrukture lues a lues op. E Mikrokosmos zerbrécht. Confrontéiert mat enger Krankheet déi onverständlech schéngt, beliicht DISKO DEMENTIA d’Gewalt déi sech an eisem Ëmgang mat Demenz-Betraffene bemierkbar mécht. Wat ass de Mënsch nach wäert an enger Gesellschaft wou Wuesstem, Gewënn a Leeschtungsfäegkeet d’Gëtter sinn?
Regie: Linda Bonvini
Regieassistenz: Liss Scholtes
Iwwersetzung op Lëtzebuergesch: Anne-Marie Reuter
Movement: Marcin Rudy
Bühn & Kostüm: Peggy Wurth
Musek: Emre Sevindik
Luucht: Nico Tremblay
Mam: Fabienne Elaine Hollwege, Robert Verbrugge, Elisabet Johannesdottir, Larisa Faber & Fabio Godinho
Sprooch: lëtzebuergesch