Dësen Owend ass en Hommage un e grousse Lëtzebuerger, deen eis viru knapp 10 Joer verloos huet: den Thierry van Werveke. Seng läscht Roll war de Jean am Fënsterdall vum Pol Greisch. De 14. November 2008 huet hien nach d’Première am TNL gespillt, huet awer zwee Deeg dono an d’Klinik musse goen an ass e puer Wochen drop gestuerwen.
Am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung am CNA zu Diddeleng iwwert den Thierry van Werveke hëllt den TNL dëst Stéck nach eng Kéier op, ganz bescheiden, als gespillte Liesung, als „Mise en espace“. A wann e Regisseur dem Thierry seng Roll liest, wees een, dass den Thierry net wierklech ze ersetzen ass.
Et fällt wéi mat Eemeren. D’Janine an de Jean, allebéid op Mountain-Bike, musse sech matzen am Bësch ënnerdaach stellen, soss versuppe s’am Bulli. Gottsäidank gerode se bei eng Häip: ‘t ass net gespaart, si ginn eran … Eng feierlech Musek kléngt hinnen entgéint … Drënner eng rau Stëmm: Wou waars de sou laang? ‘t kënnt hinnen onheemlech vir: Eng schlampeg Fra tierkelt hinnen entgéint, klaakt d’Dier zou, zitt de Schlëssel erof a fänkt eng schappeg Luucht un: Mir entdecken dee rengsten Taudis; iwwerall Këschte voll eidel Béierfläschen… D’Fra (Jeanne) schwätzt eppes zesummen, wou de Jean an d’Janine net gescheit ginn derhannert. Si mengen, ‘t wier en Iertum, d’Fra géif si verwiesselen … An iwwerhaapt: Si huet eng faméis hänken… Am léifste wieren s’erëm eraus, mä ‘t ass gespaart … A souwisou: Dobausse schëtt et ëmmer méi …
Mir sinn am Fënsterdall, kënnten ower grad esou gutt am Direndall sinn… oder soss éirewou op der Welt ënner Mënschen, déi no Léift verlaangeren, no Versteesdemech … wat dacks schwéier z’erreechen ass, well mer ze rabiat sinn, ze feig, ze egoistesch …
De Pol Greisch bleift sech an dësem Steck trei. Awer nëmmen op den éischte Bléck. Op den zweete geet hie ganz nei Weeër. Seng Figure si mei verstréckt, aneneen, mateneen. Souguer d’Natur huet sech géint sie verbonn an deckt dat op, wat si verstoppe wëllen. Awer och am trageschste Moment blëtzt dem Pol Greisch seng wonnerbar Komik op.
Mise en espace: Andreas Wagner; Frank Hoffmann
Bühn a Kostümer: Dagmar Weitze
Musek: Cary Greisch
Mat: Frank Hoffmann, Christiane Rausch, Nicole Max, Serge Tonon
Eng Produktioun: Théâtre National du Luxembourg