DE SCHÉINE MÄNNCHEN / Guy Rewenig
Théâtre National du Luxembourg
metteur en scène Frank Hoffmann
avec Marc Baum, Monique Reuter, Brigitte Urhausen
Eng Farce vum Guy Rewenig
Fräi no Motiver aus dem Marcel Reuland
sengem Spill vun der Bidden
Vun engem Dag op deen aneren ass op eemol alles ganz anescht, wéi et war: Zwou Fraen an e Mann, déi bis dohinner gemittlech a kammout an hirem smart home gelieft hunn, musse sech komplett nei organiséieren, fir net ënnerzegoen. Si geroden uneneen, maache sech Virwërf, bekriche sech, probéieren, d’Situatioun an de Grëff ze kréien, lamentéieren oder loossen hirer Roserei fräie Laf. Wie gewënnt? Deen narzissteschen, egozentresche Mann? Oder déi zwou energesch Fraen, déi matzen an der Katastroph eng praktesch Léisung fir d’Iwwerliewe fanne wëllen?
A senger turbulenter Farce voller clownesker Elementer erzielt de Guy Rewenig, wat geschitt, wann dee gewinnte Liewenskader onerwaart zesummebrécht. An deem groussen Duercherneen geet et just op den éischte Bléck drëm, wie méi clever ass: Mann oder Fra? D’Stéck De schéine Männchen parodéiert déi klassesch Rolle-klischeeën, déi um Enn net méi gräifen, well jidderee struewele muss, fir sech iwwer Waasser ze halen. D’Zesummeliewe gëtt ëmmer méi eng duerch an duerch lächerlech Geschicht.
D’Stéck kann een « tëscht den Zeilen » och als klengen Hommage un de Lëtzebuerger Schrëftsteller Marcel Reuland gesinn, deen a sengem Spill vun der Bidden (1946) déi mëttelalterlech Farce du Cuvier neiverschafft huet. De Guy Rewenig geet a senger Versioun nach e Schratt méi wäit a weist e « modernen » Trio an enger Gesellschaft, déi sech selwer an e Fiasko dreift.